28/04/2018Gala Concert A Schmadds Berdorf10/05/2018Marche Gourmande Berdorf
Update Site 15/03/2018:
Haerzlech
Wëllkomm...
Op dëse Saiten fand dir eng ganz Reih vun Informatiounen an Neiegkeeten iwwert onse Verain, iwwert ons Jugendaarbecht an iwwert ons Verainsgeschicht.D’Harmonie Berdorf ass e ganz aktiven Verain am kulturellen Liewen vun der Gemeng Berdorf. D’musikalesch Schwéierpunkten sinn virun allem eisen Fréijarsconcert, de Summerconcert, ewéi och eisen Wanterconcert am Mount Dezember. Do donievt ginn et awer och nach eng ganz Reih aner flott Aktivitéiten wéi zum Beispill d’Marche Gourmande oder eist grouss Waldfest am Maartbesch.Eise Verain besteet aktuell aus 40 Musikantinnen an Musikanten, ënnert der Leedung vun eisem musikaleschen Direkter dem David Daubenfeld. D’Ziel vun eisem Verain ass ët Jonk an Al zesummen ze bréngen fir gemeinsam ze prouwen an dobai vill Spass an Freed ze hunn. Eis Prouwen sinn ëmmer Méindes vun 20h00 - 21h30. Mir wënschen iech vill Spass op eisem Site an hoffen iech eng Kéier op enge vun eisen Manifestatiounen oder vlaicht souguer eng Kéier an enger vun eisen Prouf erem ze gesinn.